Gaardeparty – Chorale Sainte-Cécile Walfer ASBL

Chorale Sainte-Cécile Walfer ASBL
Sonndes, de 25. Juni 2023, vun 11.30 bis 20 Auer,
am Centre Prince Henri
De Walfer Kierchegesang freet sech, Iech op seng traditionell
Gaardeparty ze invitéieren. Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens
gesuergt. Mir zerwéieren eis gewinnte Menuen:
Gegrilltes (Kotletten, Grillwurscht), Ham, Fritten an Zalot,
Assiette Gaardeparty, waarm „Wiener“ mat Gromperenzalot,
Eisekuchen, verschidde Pâtisserien, Kaffi/Téi a sëllege Gedrénks.
Grouss Tombola
D’Chorale Ste-Cécile vu Stroossen, ënner der Direktioun vun der
Mme Jeannine Mohr-Koenig a begleet vum Organist Marc Schmidt,
séngt d’Houmass um 10.30 Auer an der Walfer Kierch.
D’Chorale Ste-Cécile Walfer freet sech op Äre Besuch a wënscht
Iech elo schonn e gemittlechen Dag ënner Frënn.